D’Begréissungsried vun der Directrice vum CNL

 

Här Minister,

Dir Dammen an Dir Hären,

Léif Frënn vun der Lëtzebuerger Literatur,

D’Iddi, e Lëtzebuerger Schrëftstellerverband ze grënnen, gouf an engem Zuch gebuer. An zwar 1983, wéi eng representativ Auswiel vu Lëtzebuerger Auteure vun der däitscher Schrëftstellerin Ingeborg Drewitz ageluede gi woren, fir zu Berlin d’Lëtzebuerger Literatur virzestellen.

Eng erfollegräich Rees, déi d’Ingeborg Drewitz am Réckbléck esou kommentéiert: „die berliner tage (…) haben nicht nur informationsdefizite ausgeglichen, sondern vor allem auf die literatur, die heute im grossherzogtum luxemburg geschrieben wird, aufmerksam gemacht, die sich im doppelten einflussbereich sehr eigenwillig darstellt, offen für gegenwartsnöte und voller lust am funkeln der geschliffenen form. ohne die luxemburger autoren wäre die europäische literatur weniger vielstimmig.“ (1)

Fir d’Lëtzebuerger awer, déi mat op Berlin gefuer waren, krut eng aner Erkenntnis Bedeitung: im selben zug nach Berlin sitzend, geht den berlinreisenden ein licht auf: nämlich, dass sie alle in ein und demselben zug sitzen, beschreift de Roger Manderscheid dat befreiend Aha-Erliewnis. warum müssen luxemburger ins ausland fahren, um festzustellen, wie es ihnen besser gehen könnte, wenn sie auch im inland, z.b. auf dem stausee in einem riesenboot, die handfeste erfahrung hätten machen könne, dass sie alle in einem boot sitzen. der der enthusiasmus war überschäumend. Die lesungen in berlin eher enttäuschend. (2)

Fakt ass, dass op der Heemrees d’Iddi vun der Grënnung vun engem Schrëftstellerverband auf einmal durch die coupés schwebte, wéi de Roger Manderscheid schreift. (3)

Den 13. Januar 1986 war et dann esou wäit. En éischte provisoresche Comité gouf gewielt mam Roger Manderscheid an dem Lambert Schlechter als President resp. Vizepresident, dem Georges Hausemer an dem Rolph Ketter als Sekretären an dem Jean-Michel Treinen als Caissier. Membere waren de Gollo Steffen an d’Rosemarie Kieffer. Ziel vun dem neie Verband war an éischter Linn d’Verbesserung vun der materieller Lag, vun deenen, déi vum Schreiwe gelieft hunn. Oder, fir mam Roger Manderscheid ze schwëtzen: es ging also darum, […] in der öffentlichkeit die erkenntnis durchzusetzen, dass es in luxemburg freischaffende schriftstellerinnen und schriftsteller gibt, die den schwierigen versuch unternehmen, vom ertrag ihres schreibens zu leben, und dass es deshalb zu verbindlichen absprachen kommen müsste zwischen schriftstellern und öffentlichen oder privaten stellen, wie z.b. dem kulturministerium, den rundfunkanstalten, den verlegern, den zeitschriften- und zeitungsherausgebern, was mindesthonorare für schriftstellerische leistungen und produkte angeht. (4)

Haut feiere mer den 20. Anniversaire vum LSV, an ech si frou, dass Dir zu esou vill komm sidd, fir deen Anniversaire zesumme mat de Lëtzebuerger Schrëftsteller ze feieren.

Munches gouf an dene vergaangenen 20 Joer erreecht, villes ass nach unzepaken. Iwwer eppes awer si mer eis eens: den LSV ass a bleift eng wichteg Instanz, do wou et em d’literarescht Schaffen an eisem Land geet.

Duerfir wënschen ech dem Schrëftstellerverband déi néideg Kraaft, Energie an Ausdauer, déi et brauch fir och déi lescht dovun ze iwwerzeegen, dass d’Literatur, och wann ee se net un d’Mauer hänken an a spektakulären Eventer inszenéiere kann, e wichtege Beitrag leescht an deeër komplizéierter Aarbecht vu kritescher Selbstreflexioun an identitärer Selbstvergewësserung. Dofir dem LSV e grousse Merci an alles Guddes!

Germaine Goetzinger


(1) MANDERSCHEID, Roger: der aufstand der luxemburger allliteraten. eine subjektive chronologie des zickzackkurses der federhalter. notizen zur entwicklung der luxemburger literatur in der zweiten jahrhunderthälfte. Esch/Mersch 2003, S. 75
(2) Ebd. S. 73
(3) Ebd.
(4) Ebd. S. 85f .

 


© LSV, Germaine Goetzinger & Guy Wagner, 2007 

Ried vum Colette Mart