Är Säiten

De Josy Braun deelt mat:


„Bommenteppech“

den neie Roman vum Josy Braun


Hierscht 1984: Op der Éisleker „Scheedhéicht“ flitt e Juegdchalet an d’Luucht. Geschwënn duerno gëtt en Hobby-Detektiv aus der „Rési-dence Lorblumm“ vermësst. Wat d’Land nach net weess: Et ass den Optakt fir eng Serie vu Sprengstoff-Uschléi, an am Ufank gesäit et esou aus, wéi wann déi dichtegst Institutioun vun der nationaler Economie soll getraff ginn: „d’Cancoillottes Ardennaises“. No an no sinn sech Regierung, Chamber, Justiz, Sûreté a Service de renseignement awer net méi esou sécher.

Do ginn et net nëmmen hannereneen an duercherneen Abréch a Polverdepoten a lénks a riets Explosiounen, do ginn et iwwerdeems Iwwerfäll op Geldinstituter, do gëtt an Enveloppen an a Wallissen enorm vill Léisegeld transportéiert, dat ni ukënnt; do platzen niewebäi de Poopst an d’Gëlle Fra an den Troublement; do gëtt et verstoppten a manner verstoppten Hiwäiser, an op eemol gëtt och ee präzisen Numm ronderëm gereecht.

De Kommissär Marius Gallo schreift en éischte Rapport a kritt der op d’Pouten. Hie kniwwelt laang un engem zweeten a bréngt e spéiderhin och un de Mann ... mä laanscht den hierarcheschen Déngschtwee. D’Ländche schéngt ënnert engem Bommenteppech ze verschwannen, an ënnert dem Teppech verschwannen d’Bommen.

Vir am Buch heescht et, d’Geschicht an och d’Persounen, déi dra virkommen, wiere fräi erfonnt. Hätt een awer d’Impressioun, verschidden Evenementer aus deem leschte Joerhonnert géifen deenen am Roman gläichen, da kéint dat un er Fantasie vun dësem oder deem Lieser leien, deen d’Gras wuessen an d’Fléi néitschen héiert. Mä dat ass jo net verbueden an och kengem ze verdenken.

„Bommenteppech“ huet ronn 370 Säiten, kënnt am September an den „Editions PHI“ eraus an ass an de Bicherbutteker fir 30 EUR ze kréien.

© LSV, Josy Braun & Guy Wagner, 2004