7. LSV- LIESMARATHON
am Café vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
Samschdeg, den  22. Abrëll 2006



Am Kader vum Internationalen Dag vum Buch, e Samschdeg, den 22. Abrëll 2006, organiséiert de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV) an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg am Café vum Geschichtsmusée an der Stad (16, rue du St-Esprit) e grousse Liesowend mat 14 lëtzebuerger Auteuren - Member vum LSV -  déi op däitsch, franséisch a lëtzebuergesch schreiwen.

Dëse literareschen Owend ass eng Visitekaart vun der lëtzebuerger Literatur an de verschiddene Genren.

Et liesen dës Auteuren aus dem Lëtzebuerger Schrëftstellerverband:

Josy Braun, Helmut Fiebig, Mario Fioretti, Wolfgang Geiselhart, Roland Harsch, Carmen Heyar, Josiane Kartheiser, Roger Manderscheid, Colette Mart, Giulio Pisani, Pol Pütz, Jacques Steffen, Jacques Wirion, Jacqueline Wolff.

All Auteur liest ongeféier 8 Minutten. Géint 21.00 ass eng Paus virgesinn. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Fir déi musikalesch Animatioun suerge Schüler aus dem Conservatoire aus der Stad.  

D'Liesung geschitt an engem conviviale Kader, wou de literareschen a perséinlechen Austausch tëscht Auteur a Publikum garantéiert ass.

Ufank ëm 19.30. Den Entrée ass fräi.


© LSV & Guy Wagner, 2006