En neie Roman vum Jhemp Hoscheit:

"Aacht Deeg an der Woch"

Esch am Mee 1968

E puer Studenten erliewen déi éischt Theatervirstellung an den éischte Rockconcert am Jongelycée. D'Elteren, déi houfreg op hir éischt Televisioun sinn, kucken d'Eurovision de la Chanson an Einer wird gewinnen. An zu Paräis ginn Autoen a Brand gestach ... Iwwerdeems léiert de Fern doheem Gitar spillen an dreemt vu sengem éischten Optrëtt. De Pol léiert, wat et heescht, verléift ze sinn. Hie vergësst seng schoulesch Suerge mat de Beatles-Lidder a wär gär mam Sylvie an engem Himmel aus Diamanten oder Gebeess. Mee d'Sylvie kann sech net decidéieren. Da kënnt et zu der éischter Party, zum éischte Knuutschfleck, zum éischten Thé Dansant. An dann ass endlech déi éischt grouss Schülerversammlung am Lycée. Fir alles gëtt et eng éischte Kéier. Awer ginn aacht Deeg an der Woch dofir duer?

"Aacht Deeg an der Woch", den neie Roman vum Jhemp Hoscheit, ass gewëssermoossen eng Suite vu sengem Bestseller-Roman "Perl oder Pica", fir deen hien 1999 de Prix Servais krut, deen 2005 verfilmt gouf an deen am Hierscht 2006 an d'Kinoe kënnt. An sengem neie Wierk, dat sech och erëm a senger Heemechtsstad Esch opspillt, erzielt de Jhemp Hoscheit mat grousser Intensitéit, engem gudde Gespir fir déi deemoleg Atmosphär a vill Opmierksamkeet fir d'zäithistoresch Detailer iwwer e Grapp voll Jugendlecher, hir Frëndschaften a Rivalitéiten. Am Mëttelpunkt vum Roman sti kleng, mä wichteg Geschichten an engem entscheedende Moment vun der grousser Geschicht. Aus dëse Geschichten entsteet eng spannend an engagéiert Chronik iwwert de Lëtzebuerger Mee 68. Doriwwer eraus ass de Roman "Aacht Deeg an der Woch" e passionnéierten Hommage un d'Beatles, déi grad deemools um Héichpunkt vun hirer Carrière stoungen an och deen Deel vun der Lëtzebuerger Jugend begeeschtert hunn, deen net verréckt op d'Rolling Stones oder de Bob Dylan war.

Jhemp Hoscheit: Aacht Deeg an der Woch. Editions Guy Binsfeld, 2006

380 Säiten, mëll Deckelen, gebonnen, 133 x 210 mm

ISBN-13: 978-2-87854-159-4 (as off 1.1.2007)
-
ISBN: 2-87954-159-X, 25 EUR

Kuckt och Notizblock 33, Notizblock 35

© LSV & Guy Wagner, 2006