No.33



De Centre national de littérature an d’Mierscher Lieshaus invitéieren op eng Liesung mam

Jhemp Hoscheit

AACHT DEEG AN DER WOCH

Eng literaresch a musikalesch Zäitrees an d’68er Joren an an d’Beatleswelt

mat musikalescher Ënnerstëtzung vum JULIEN ARPETTI op der Gitar

Donneschdeg, de 16. November 2006 um 20.00 Auer am Centre national de littérature (Maison Servais) zu Miersch.


Esch, Mee 1968. E puer Studenten erliewen déi éischt Theatervirstellung an den éischte Rockconcert am Jongelycée. D’Elteren, déi houfreg op hir éischt Televisioun sinn, kucken d'Eurovision de la Chanson an Einer wird gewinnen. An zu Paräis ginn Autoen a Brand gestach.

Iwwerdeems léiert de Fern doheem Gitar spillen an dreemt vu sengem éischten Optrëtt. De Pol léiert, wat et heescht, verléift ze sinn. Hie vergësst seng schoulesch Suerge mat de Beatles a wär gär mam Sylvie an engem Himmel aus Diamanten a Gebeess. Mee d’Sylvie kann sech net décidéieren. Da kënnt et zu der éischter Party, zum éischte Knuutschfleck, zum éischten Thé Dansant. An dann ass endlech déi grouss Schülerversammlung am Lycée.

Fir alles gëtt et eng éischte Kéier. Awer ginn aacht Deeg an der Woch dofir duer?

Den neie Roman vum Jhemp Hoscheit erzielt iwwert e Grapp voll Jugendlecher zu Esch, iwwert hir Frëndschaften a Freiereien, Rebelliounen a Rivalitéiten: kleng, mä wichteg Geschichten an engem entscheedende Moment vun der grousser Geschicht, mat der Popmusek am Hannergronn. Et ensteet eng spannend an engagéiert Chronik iwwert de Lëtzebuerger Mee 68 a gläichzäiteg ass de Roman e passionnéierten Hommage un d’BEATLES an hir wichtegst Zäit.

*

De Jhemp Hoscheit gouf 1951 zu Esch gebuer. Hie schreift Geschichten, Theaterstécker, Erzielungen, Romaner, haaptsächlech op Lëtzebuergesch. Bis elo huet hie véier Bicher mat satireschen Texter an aacht Kannerbicher publizéiert. Fir säin éischte Roman Perl oder Pica krut hien 1999 de Prix Servais. De Roman gouf 2005, no engem Dréibuch vum Viviane Thill, vum Pol Cruchten verfilmt a leeft am Hierscht 2006 an de Kinoen.

Site CNL

© LSV, CNL & Guy Wagner, 2006