eng Liesung mam Jhemp Hoscheit
mat musikalescher Ënnerstëtzung vum JULIEN ARPETTI: Gitar a Gesang
Eng aussergewéinlech Liesung, wou Text a Musek - Lidder vun de Beatles - sech ofwiesslen an iwwerraschend vermëschen an déi schonn op verschidde Plazen d¹Nolauschterer begeeschtere konnt.
Eng literaresch a musikalesch Zäitrees an de Mee 68 an e passionnéierten Hommage un d¹Beatles an hir wichtegst Zäit ...
Mee 1968. E puer Studenten erliewen déi éischt Theatervirstellung an den éischte Rockconcert am Jongelycée. D¹Elteren, déi houfreg op hir éischt Televisioun sinn, kucken d¹Eurovision de la Chanson an Einer wird gewinnen. An zu Paräis ginn Autoen a Brand gestach.
Eischt Party, éischte Knuutschfleck, éischten Thé Dansant. Fir alles gëtt et eng éischte Kéier. Awer ginn aacht Deeg an der Woch dofir duer?
An dëser Liesung mat Ausschnëtter aus Aacht Deeg an der Woch erzielt de Jhemp Hoscheit, mat musikalescher Begleedung vum Julien Arpetti, iwwert e Grapp voll Jugendlecher, iwwert hir Frëndschaften a Freiereien, Rebelliounen a Rivalitéiten an och iwwert déi deemoleg Suergen a Probleemer vun hiren Elteren. Kleng, mä wichteg Geschichten an engem entscheedende Moment vun der grousser Geschicht, mat der Popmusek am Hannergronn.
De Jhemp Hoscheit schreift Geschichten, Theaterstécker, Erzielungen, Romaner, haaptsächlech op Lëtzebuergesch.
Bis elo huet hie véier Bicher mat satireschen Texter an aacht Kannerbicher publizéiert. Fir säin éischte Roman Perl oder Pica krut hien 1999 de Prix Servais. De Roman gouf 2005, no engem Dréibuch vum Viviane Thill, vum Pol Cruchten verfilmt a leeft am Hierscht 2006 an de Kinoen.
De Julien Arpetti ass e Vollblutt-Museker (Guitarist, Saxophonist, Flûtist), deen seng Lidder selwer schreift, komponéiert a séngt. Vun 1991-1993 huet hien mat IC Blue 22 Concerte ginn. Hien huet 2oo1 seng éischt eegen CD publizéiert ("Sans paroles Mille maux"). Fir säi Song "Surtout pas réfléchir" krut hien 3 Präisser, dorënner de Prix Spécial vun der SACEM-France.
Bis elo: 130 Concerten mat der Brigade d'Intervention Musicale, vill musikalesch Optrëtter a Cafés-Théâtres, Récitalen a Concerts- an Theatersäll, Optrëtter am In- an Ausland (dorënner Russland).
2007 kënnt seng nei CD eraus: "Surtout pas réfléchir". |