Rapport vun der Assemblée générale vum LSV

4. 7. 2005

Mir waren zu 8:
vum Comité: Colette, Chantal, Jhemp,  (Josy + Giulio + Pol + Rosch = excusés)
vun de Membres: Georges, Christiane, Guy, André, Carmen

1) Begréissung duerch d'Präsidentin Colette Mart

2) Aktivitéitsbericht vum Sekretär Jhemp Hoscheit

** Wéi et gewënscht gouf, a fir ze weisen, wéi aktiv d'LSV-Membre sinn, liest de Sekretär eng Lëscht mat de Bicher, déi d'LSV-Auteuren an der vergaangener Saison publizéiert hunn (vum 6. 7. 2004 - 4.7.2005).

Och literaresch Präisser gin ernimmt, déi LSV-Membre am Laf vun der leschter Saison kruten. Et ass kloer, datt nieft de Buchpublikatiounen net all literaresch Aktivitéiten vun eise Membren opgezielt kënne ginn, wéi zum Beispill am Theater (Jean-Paul Maes, Jemp Schuster, Helminger Nico, Helminger Guy, Pol Greisch, Roland Meyer, André Link, ...); am Cabaret (Jemp Schuster, Roland Meyer, Pol Pütz,...), Bäitreeg an Anthologien, Zäitschrëften, Zeitungen, Iwwersetzungen, Revuen, Liesungen, Bicherfoiren, Colloques, Liesungen an de Schoulen, am Ausland; Redaktioun a Mataarbecht vu Bicherbäilagen,...

* Juli 96 - Juni 97: 30 Publikatiounen vun LSV-Membren
* Juli 97 - Juni 98: 27      
* Juli 98 - Juni 99: 18           
* Juli 99- Juni 2000: 25
* Juli 2000- Juni 2001: 30
* Juli 2001-Juni 2002:  32
* Juli 2002 - Juni 2003: 26
* Juli 2003 - Juli 2004: 33
* Juli 2004 - Juli 2005: 31

 
* Henri Losch: E Bouf erzielt - Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich. Editions Guy  Binsfeld, Luxembourg 2004
* Emile Hemmen: Histoires de soifs. Poèmes avec des dessins de Georges Le Bayon. Collection Graphiti 56. Editions phi, Esch-Alzette; 2004
* Josy Braun: Bommenteppech. Roman. éditions phi, Esch-Alzette; 2004
* Chantal Schenten + Muriel Moritz: An der Wiss. Editions Guy Binsfeld, Luxembourg; 2004
* Giulio-Enrico Pisani: Portes d'arrêt. Editions Op der Lay, 2004
* Pol Pütz: Kenns du dat Land? Editions des Cahiers Luxembourgeois, Luxembourg; 2004
* Roland Harsch: PARODIES und DAS, collection APESS 14, Editions Apess, Diekrich; 2004
* André Link: Vom Dekadentempel zur Kulturschmiede , éditions saint-paul, Luxembourg; 2004
* Maria-C. Haller: Des chapiteaux romans aux Pays Celtes, éditions saint-paul, Luxembourg; 2004
* René Welter: un mot à la limite; Editions En Forêt (illustrations par Roger Bertemes); D-Rimbach,   2004
* Josiane Kartheiser: De Maxi an de Geschichtenerzieler (illustréiert vum Nadezda Kozomara),
 Editions Le Phare, Esch-Alzette, 2004
* Guy Rewenig: Dem Karin säin Haus (Illustratioune vum Annick Sinner) datscharitschi ; ultimomondo, Nospelt, 2004
* Guy Rewenig / Irma Krauss: Karogatto. Wie Hund und Katz. (Illustratioune vum Annick Sinner) datscharitschi; ultimomondo; Nospeot, 2004
* Guy Rewenig: Babbo fait courir les pompiers (Illlustratioune vum Pat Wengler) datscharitschi; ultimomondo, Nospelt; 2004
* Guy Rewenig: Schallümo (Illustratioune vum Annick Sinner)  éditions ultimomondo (datscharitschi), Nospelt;  2004
* Guy Rewenig: Schallümmo (deutsche Version) Illustrationen von Annick Sinner. Editions  ultimomondo (datscharitschi), Nospelt; 2004
* Guy Rewenig: Libella Bitsch, Illustratioune vum Pat Wengler, datscharitschi, ultimomondo, Nospelt;  2004
* Colette Mart: Frau im roten Sand (Editions Carrière, Luxembourg 2005.
* Maryse Krier: Das Haus am Fluss (Editions Schortgen, Esch-Alzette; 2005)
* Roland Meyer: Den décken dommen Dudu (Editions Op der Lay; Esch-Sûre, 2005)
* Antje Damm / Chantal Keller (Iwwersetzung): Fro mech (Moritz Verlag; 2005)
* Nico Helminger (Text) + Yvon Lambert (Photographies): brennweiten der begegnung (Ville de Differdange, 2005)
* Jacques Wirion: Sporen (Aphorismen) Op der Lay 144; Esch-Sûre, 2005
* Claudine Muno: Koma (Roman) Op der Lay 142; Esch-Sûre, 2005
* Guy Rewenig: Mäxitäxi (Ultimomondo, 2005)
* Christiane Ehlinger: Zarabina (Imprimerie Centrale, 2005)
* Laurent Fels: Dire l'indicible - das Unsagbare in Worte fassen (Editions Le Manuscrit, 2005)
* Laurent Fels: îles enchantées, Editions Poiêtês, 2005
* Laurent Fels: Saint-John Perse Editions Poiêtês, 2005
* Laurent Fels: Paroles oubliées (Editions Le Manuscrit, 2005)
* Charles Berg, Marianne Milmeister, Jean Schoos: Stadtraum - Jugendraum? (editions phi, 2005)
* Georges Hausemer: Erich Böhme
* Michel Clees & Ensemble: Lettres (Lieder & Texte / CD + Buch) ultimomondo, 2005
* Roger Manderscheid: Kasch, Roman (Editions ultimomondo, 2005)

Präisser + Eirungen:
Prix Servais 2004: Jean-Paul Jacobs (Jenes Gedicht & Mit nichts)
Prix Batty Weber: Guy Rewenig (remise du prix: 21.09. 2005)

COMITE
4 Comitéssëtzungen (26. 10. 2004; 8. 12. 2004; 23. 2. 2005; 6. 6. 2005)

NOTIZBLOCK
Et koumen 2 Notizbléck eraus

6. LIESMARATHON
am Café vum Musée de l'Histoire de la Ville de Luxembourg 23. 4. 2005
18 auteurs / 3 musiciens

DIVERS:
* 29. 03. 2005: Réunioun mam Här F. Weides, Direkter vum 100,7 iwwert d'Honorären (Colette, Jhemp) voir Notizblock Nr. 77 (Säit 39)

* Lettre à M. Serge Basso, Directeur de la Kufa (26. 5. 2005)
Le LSV "réitère sa ferme volonté de vouloir figurer parmi les coorganisateurs des Liesungen (Bistrots littéraires, ) à Esch"
Réunion Colette Mart - Lydia Mutsch, bourgmestre de la Ville d'Esch (20. 6. 2005)
Et schéngt an d'Rei ze goen, datt den LSV nees Coorganisateur gëtt (nodeems en an der Saison virdrun net méi ernimmt gouf, obwuel d'Liesungen zu Esch vun 2001 un mam LSV zesummen organiséiert goufen).
Méil vum Serge Basso (21. 6. 2005): Accord!! ("seuls les responsables de l'équipe organisatrice ont un droit de regard et de parole et de décision sur le choix des auteurs".) Domat kann den LSV liewen. D'Haaptsaach, den LSV ass nees Partner a Co-organisateur!!

* Bréif (3. 3. 2005) un déi Responsabel vun Luxembourg et Grande Région, Capitale européenne de la Culture
Projet LSV "Mots et musiques croisés"  gouf recaléiert. Den LSV zitt de Projet zréck a freet fir am Kulturjoer Liesungen am Ausland an an de Schoulen organiséiert ze kréien.
KENG Äntwert:
D'Colette hëlt Kontakt op mam Coordinateur général

* Bréif vum LSV un de Kulturministère (23. 2. 2005)
Watfer aner Zorte vu finanziellen Ennerstëtzunge gëtt et fir Bicherpublikatiounen/ Conditioune fir ?Publications Nationales'? Budget? Watfer Auteure kommen an de Genoss

Äntwert vum Minister Biltgen (lettre du 7. 6. 2005) (cf.: Notizblock)

* Bréif vum LSV un den Här Minister Biltgen (10. 3. 2005)
Et geet ëm d'Primes à la publication, déi de Kulturministère wëlles huet, ofzeschafen.
Et geet och ëm déi Propositioun fir pädagogesch Documenter z'élaboréieren (awer nëmmen iwwert d'Servais-Laureaten: also eng Selectioun!)

Äntwert vu Biltgen / Modert (lettre du 1. 4. 2005) (cf.: dësen Notizblock)
- "remédier à un manque de visibilité du livre lux. / développement de stratégies pédagogiques et d'animation .../  système des primes = solution intermédiaire.... / amorcer des concertations avec toutes les instances soucieuses de la diffusion de nos valeurs culturelles."

PRIME À LA PUBLICATION:
Vertrieder vum LSV: Jhemp Hoscheit
Demander la liste avec les sommes attribuées

PRIME À LA TRADUCTION:
Vertrieder vum LSV: Chantal Schenten
demander la liste avec les sommes attribuées aux traductions accordées

CONSEIL NATIONAL DU LIVRE
* Colette présentéiert an enger 1. Réunioun d'Revendicatiounen un de Minister Biltgen. D'Äntwerte sin onzefriddestellend.

* Contact Colette / Mme Delvaux, Ministère de l'Ed. Nationale (iwwert Liesungen an de Schoulen)
D'Madame Delvaux weist den LSV op de Projet "Tous les arts" am LGL hin.
D'Madame Delvaux schwätzt vun enger Anthologie fir de Postprimär. D'Auteure kéinten hir Texter aschécken!!!

Projet LGL- 2007 ("Tous les arts")
D'Colette vertrëtt den LSV op der Réunioun mat den Organisateuren. Et heescht, fir dee Projet soll ee méiglechst vill Auteuren abannen" (dixit André Wengler)

LIES A FLEI (D'Anthologie fir den Uewergrad ass geschwë fäerdeg)
Vertriederin vum LSV am Aarbechtsgroupe: Chantal Schenten

NEI MEMBREN: Jacques Steffen, Romaine Berens, Carmen Heyar, Laurent Fels

DIVERS:
De Guy Wagner huet d'Onkäschten (125 Euro) fir den LSV-Serveur iwwerholl. Merci!

3) Joresrapport vum Caissier (voir : dësen Notizblock)

4) Rapport vun de Keessereviseuren: Georges Hausemer / Guy Wagner

5) Décharge fir de Keessier

6) Discussioun vun de Rapporten

7) Décharge fir de Comité

8) Wiel vun de Keessereviseuren fir 2005/ 2006: Georges Hausemer, Christiane Ehlinger

9) ACTIVITEITSPROGRAMM 2005/ 2006

* 7. Liesmarathon: Lieu ? / Date?

* Honorären 'E Buch am Zuch'
Jiddereen huet e Recht op eng Rémunératioun. Déi Anthologie ass kee "cas unique" a keng "Exceptioun", och wann d'Antho gratis verdeelt gëtt.  Keen Auteur soll op säin Honorär verzichten. Aus Solidaritéit . Och keen Editeur soll d'Recht oftrieden. D'Honoräre mussen - jee nom Kontrakt - tëscht Auteur an Editeur opgedeelt ginn. Déi 1. Revendicatioun zënter der Grënnung vum LSV war d'Rémunératioun vun den Auteuren. D'CFL kann sech et leeschten, d'Auteuren ze bezuelen. D'Antho ass jo eng Reklamm fir d'CFL a fir d'Associatioun 'Freed um Liesen'.  Keen Auteur soll "à titre gracieux" (??) op säin Honorär verzichten.

* Service luxembourgeois: Quid de l'achat- livres luxembourgeois?

* Nationale Literaturconcours 2005 (Felix Molitor: "2005 gëtt iwwersprongen") Quid honoraires 2004?

* 20 Joer LSV (1986-2006): Appel à idées!!!!

* E Comité élargi gëtt am Laf vun der nächster Saison zesummegeruff (Wat gouf erreecht? Wou leien d'Problemer? Brauche mer den LSV nach?  Wéi kënne mer méi dynamesch/ solidaresch virgoen?)

10) De Romain Jeblick erkläert de Membren  Luxxor (cf.: dësen Notizblock)

WICHTEG:
Déi Membren, déi nach ëmmer 7,44 Euro als Cotisation mensuelle iwwerweisen, si frëndlechst gebieden, dëse Betrag op 8 Euro eropzesetzen. 7,44 entspriechen 250 fréiere lëtz. Frang. Dat war d'Cotisation mensuelle bis 2001. Op der Assemblée Générale vum 7. 7. 2001 (!!) ass d'Cotisatioun erhéicht an an Euro ëmgesat gin:
Dat heescht vun 2001 un:
96 Euro = Cotisation annuelle        
8 Euro = Cotisation mensuelle

Fir d'Cotisatioun mensuelle vu 7,44 op 8,oo eropzesetzen, musst Der jo e Formulär bei der Post froen an ausfëllen. Wann Der dann also schonn Är Cotisatioun ëmännert, da maacht am beschten/ an engems aus Ärer Cotisation mensuelle eng Cotisation annuelle: an Dir iwwerweist 96 Euro. Dat mécht dem Keessier d'Aarbécht méi liicht.


Rapport: Jhemp Hoscheit

© LSV, Jhemp Hoscheit & Guy Wagner (copie conforme fir den Internet), 2005